Den 11. Oktober 2012 hat am centre polyvant Gaston Stein eng ëffentlech Versammlung vun der éischter lëtzebuerger Biergerenergiecooperative, EquiEnerCoop stattfonnt. Gutt 70 Bierger ware komm fir sech iwwert den Projet EquiSolar 2012, der Installatioun vun enger gemeinschaftlecher Solaranlag, ze informéieren an um Projet ze bedeelegen.

Döse Projet ass deen éischte vun der société coopérative EquiEnerCoop, dären Zweck et ass dass d’Bierger Projet’en am Beräich vun der Energie lancéieren an se bedreiwen, sief et mat Anlagen am Beräich regenerativ Energie, d’Förderung, Ënnerstëtzung an Berodung a Froe vun der regenerativer Energiegewënnung an der Energieeffizienz souwéi Informatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht an de Beräicher regenerativ Energie an Energiespueren.

No der Informatiounsversammlung hunn och schonns eng Rei Interessenten en Kontrakt mat der Cooperative ënnerschriwwen an vill Leit hunn sech en Kontrakt matgeholl fir en nach eng Kéier a Rou doheem duerch ze liesen ier se sech entschléissen an de Projet eranzeklammen. Déi Verträg kënne vun eisem Internetsite www.equienercoop.lu erofgeluede ginn an bis den 5. November 2012 un eis zeréckgeschéckt ginn.

An der kuerzer Zäit wou den Projet leeft huet sech schonns groussen Interessi aus dem ganze Land un dem Projet gewisen an dat well beim Modell vun der Cooperative besonnesch den lokale Charakter ze ënnersträichen ass. Sou waren och den 11. Oktober Membere vun ähnlechen Initiativë präsent fir sech ze informéieren. Mat der Investitioun an der Cooperative gëtt d’Economie lokal ënnerstëtzt, den Gewënn aus der Energieproduktioun bleift bei den Bierger an et ass een op laang Siicht manner Ofhängeg vun internationalen Energie- ma och Finanzmäert.


Junglinster: La réunion publique par EquiEnerCoop le 11 octobre 2012 a connu un franc succès.

La première société coopérative citoyenne dans le domaine de l’énergie au Luxembourg, EquiEnerCoop, avait organisé une réunion publique d’information le 11 octobre 2012 au centre polyvalent Gaston Stein. Lors de cette réunion, plus de 70 habitants de la commune de Junglinster ont profité de ‘occasion pour s’informer en détail et de participer au projet EquiSolar 2012, Installation photovoltaïque citoyenne.

Ce projet est le premier de cette société coopérative qui a pour but de permettre aux citoyens de lancer et de gérer des projets dans le domaine de l’énergie, par des installations dans le domaine des énergies renouvelables, le développement, la promotion et le conseil dans le domaine des énergies renouvelables et de l’efficience énergétique.

Dans la foulée de cette réunion d’information, une partie des habitants intéressés par le projet ont signé un contrat de participation avec la société coopérative, d’autres ont préféré emporter un contrat pour l’étudier à la maison avant de le signer. Ces contrats peuvent être téléchargés de notre site www.equienercoop.lu et retournés signés jusqu’au 5 novembre 2012.

Déjà pendant la courte période que le projet existe, il a suscité un grand intérêt à travers le pays entier et ce en en raison du modèle de société coopérative qui souligne particulièrement le caractère local. En investissant dans une société coopérative, on soutient l’économie locale, les profits découlant de la production d’énergie restent auprès des citoyens et, à la longue, on réduit la dépendance vis-à-vis des marchés internationaux de l’énergie, mais également vis-à-vis des marchés financiers.

[scrollGallery id=2]