EquiEnerCoop
société coopérative

Pressenotiz

Lënster: Di éischt lëtzebuerger Biergerenergiecooperativ ass den 19. Juli 2012 gegrënnt ginn.

Um Owend vum 19. Juli sinn am Festsall vun der Gonnerenger Schoul a Präsenz vun der Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn, dem Schäffe Romain Reitz souwéi Memberen vun der Energiekommissioun Lënster d’Statute vun der éischter lëtzebuerger Biergerenergiecooperative, EquiEnerCoop, ënnerschriwwe ginn.

Den Zweck vun dëser société coopérative ass dass d’Bierger Projet’en am Beräich vun der Energie lancéieren an se bedreiwen, sief et mat Anlagen am Beräich regenerativ Energie, d’Förderung, Ënnerstëtzung an Berodung a Froe vun der regenerativer Energiegewënnung an der Energieeffizienz souwéi Informatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht an de Beräicher regenerativ Energie an Energiespueren.

Beim Modell vun der Coopérative ass besonnesch den lokale Charakter ze ënnersträichen. Mat der Investitioun an der Coopérativ gëtt d’Economie lokal ënnerstëtzt, den Gewënn aus der Energieproduktioun bleift bei den Bierger an et ass een op laang Siicht manner Ofhängeg vun internationalen Energie- ma och Finanzmäert.

Den éischte Projet wou sech EquiEnerCoop virgeholl huet besteet an der Installatioun vun enger gemeinschaftlecher Solaranlag an Zesummenaarbecht mat der Lënster Gemeng.  Den 9.Juli war an dem Kontext schonn eng éischt Informatiounsversammlung wou ronn 70 Awunner präsent waren.  An dem Projet geet et drëm Photovoltaikpanneau’en op den Diech vun ëffentleche Gebaier opzeriichten, ugefange mat dem Schoulkomplex zu Gonnereng wou eng Anlag vun 90 kWP installéiert gëtt. Am Hierscht wäert den Projet an all sengen Détailer fäerdeg ausgeschaft sinn an déi vill interesséiert Bierger kënnen der nei gegrënnter  Biergerenergiecooperativ bäitrieden.

Fir weider Informatiounen:

http://www.equienercoop.lu

eMail: info@equienercoop.lu

Tel: 691 78 84 69 (Jean Boden)

(matgedeelt den 26.7.2012)


EquiEnerCoop
société coopérative

Communiqué de presse

Junglinster: La première société cooperative citoyenne dans le domaine de l’énergie au Luxembourg a été fondée le 19 juillet 2012.

Le 19 juillet 2012, les statuts de la première société cooperative citoyenne dans le domaine de l’énergie au Luxembourg, EquiEnerCoop, ont été signés par ses membres fondateurs en présence de la bourgmestre Francine Colling-Kahn, de l’échevin Romain Reitz ainsi que de plusieurs membres de la comission consultative de l’énergie de Junglinster.

Le but de cette société coopérative est de permettre aux citoyens de lancer et de gérer des projets dans le domaine de l’énergie, par des installations dans le domaine des énergies renouvelables, le développement, la promotion et le conseil dans le domaine des énergies renouvelables et de l’efficience énergétique.

Dans ce modèle de société coopérative, il s’agit de souligner le caractère local particulier. En investissant dans cette société coopérative, on supporte l’économie locale, le gain réalisé lors de la production de l’énergie revient aux citoyens et permet à long terme de se libérer de la dépendance des marchés internationaux de l’énergie et même des finances.

Le premier projet qu’EquiEnerCoop a entamé, consiste dans la mise en place d’une installation photovoltaïque citoyenne en collaboration avec la commune de Junglinster. Le 9 juillet, environ 70 citoyens étaient venus s’informer lors d’une séance d’information. Ce projet prévoit d’installer des panneaux photovoltaïques sur les toits de plusieurs bâtiments publics de la commune, à commencer par les bâtiments scolaires de Gonderange avec une installation de 90 kWP. En automne, le projet aura été peaufiné dans tous ses détails et les nombreux citoyens intéressés pourront devenir membre de la société coopérative citoyenne nouvellement créée.

Plus d’informations:

http://www.equienercoop.lu

eMail: info@equienercoop.lu

Tel: 691 78 84 69 (Jean Boden)

(transmis le 26.7.2012)